Lenstermaart – 2024

LIVE ACTS

De Läb

Joel Marques

Dream Catcher

27. & 28. September 2024
zu Jonglënster

Freides vun 16:00 - 23:00 Auer (Nuetsmaart)
Samschdes vun 10:00 - 22:00 Auer

DJ Sets – Linedance shows Joel Marques Divertimento Dream Catcher – Combo Becksters
De Läb – Kids Theater – Tattoo-Atelier – Magic show mam William Leandro Sprangschlass

Wat ginn et fir Stänn?

Entdeckt eng ganz Rei u flotte Stänn, esou zum Beispill:
Holzaarbechten, Naturseefen a Käerzen, Metallaarbechten, Biller, handgemaachte Bijouen a Villes méi. Entdeckt waat d‘Produzenten un qualitative Produit‘en ze bidden hunn a léiert d‘Veräiner an d‘Associatiounen aus der Gemeng Jonglënster kennen!

Wat gëtt et fir z’iessen an ze drénken?

Fir den Honger an den Duuscht ass um Lënster Maart natierlech och gesuergt! Veräiner an Associatiounen aus der Gemeng freeë sech, Iech e gudde Maufel oder Patt aus der Regioun ze zerwéieren. Loosst Iech vun de Produzente verwinnen an entdeckt d‘Produit‘en aus der Regioun! Fir all Goût ass eppes dobäi.

Anti-Gaspi an Nohaltegkeet

Um Lënster Maart gëtt Nohaltegkeet grouss geschriwwen. Mir hunn eng ganz Rei Mesuren en place gesaat, fir Offall ze reduzéieren an dem Gaspillage vu Liewensmëttel entgéintzewierken. Zu dësem Zweck gouf eng Charta „Anti-Gaspi & Nohaltegkeet“ ausgeschafft un déi sech eis Aussteller verpflicht hunn, ze haalen. Iessen a Gedrénks gett nemmen op Mehrweg-Geschier zerwéiert an Offalltrennung virun an hannert de Stänn ass Pflicht. Dëst sinn nëmmen 2 Beispiller vun enger ganzer Rei vu Virgaben. Mir zielen och op Iech als Visiteuren, eis bei desen Démarchen zu Gonschte vun eiser Ëmwelt z‘ënnerstëtzen!

Wat erwaarde mech fir Animatiounen?

DJs suerge musikalesch fir eng flott Atmosphär an eise Moderator stellt iech verschidden Offeren vun de ronn 100 Aussteller mi genee vir. Och déi Kleng sinn um Lënster Maart net vergiess: Op si waarden e Kannertheater, e Sprangschlass, en Tattoo-Atelier souwéi eng flott Zaubershow!

Freides Owes um 21.00 Auer kennt Dir d‘Band „Dream Catcher“ op der grousser Bühn erliewen. Samschdes mëttes suergen „Divertimento“ an d‘Combo „Becksters“ fir Stëmmung, ier dann mi spéit de Joel Marques an „De Läb“ hirt Publikum wäerten ënnerhaalen! Op béiden Deeg presentéiert de Linedanceclub Jonglënster eng Show.

Wéi kommen ech dohinner?

  • Wou kann ech Parken?
    Parking Centre Polyvalent Gaston Stein – Parking Op Fréinen – Parking Rossbuer (Lënster Bierg). Hei fueren reegelméisseg Navetten hin an zeréck.
  • Wat fir eng Buslinnen fuere bis bei de Lënster Maart?
    www.mobiliteit.lu
    (Arrêt Op der Gare, Junglinster)
  • Wou si PMR Parkplazen (personnes à mobilité réduite)?
    Op der Kräizung vun der rte d‘Echternach mat der rte de Luxembourg (Parking „Op der Gare)