Lenstermaart

29. – 30. September 2023
zu Jonglënster

Nom Succès vun de leschte Joren, organiséiert d‘Gemeng Jonglënster, an Zesummenaarbecht mat der Firma Go-Concept, déi drëtt Editioun vum Lënster Maart. 

Freides, de 29. September vu 16:00 bis 23:00 Auer (Nuetsmaart)
Samschdeg, de 30. September vu 10:00 bis 19:00 Auer

Op iwwer 100 Stänn erwaarden Iech Produzenten aus der Regioun, Kënschtler, Wënzer, Associatiounen, Veräiner a Villes méi. Och dëst Joer bidde mir Iech nees e flotte Programm ronderëm de Maart.

Dir sidd Produzent oder Kënschtler aus der Regioun, e Veräin oder eng Associatioun aus der Gemeng? Da mellt Iech bis spéitstens de 15. Juni 2023 un :