29. – 30. September 2023
zu Jonglënster
Op ronn 100 Stänn erwaarden lech Produzenten aus der Regioun, Kënschtler, Wënzer, Associatiounen, Veräiner a Villes méi:
Freideg: Offiziell Ouverture, Stelzentheater, Kanneratelier, Sprangschlass, Linedance, Coverband „The Noisemakers“
Samschdeg: Concert Apéro mat der Bierger Musek, Les BRASSeurs, DJ Sets, Sprangschlass, Kanneratelier, Zauberschoul mam Christian Lavey.
Wat ginn et fir Stänn?
Entdeckt eng ganz Rei u flotte Stänn, esou zum Beispill:
Holzaarbechten, Naturseefen, Metallarbechten, Biller, Bijouen aus Drot a villes méi.
Wat gëtt et fir z’iessen an ze drénken?
Fir den Honger an den Duuscht ass um Lënster Maart natierlech och gesuergt! Veräiner an Associatiounen aus der Gemeng freeë sech Iech e gudde Maufel aus der Regioun ze zerwéieren. Freides ab 16.00 Auer gëtt et en After-Work, wou een regional Produite vun de Lëtzebuerger Produzenten teste kann, zum Beispill e Lëtzebuerger Gin, e Béier oder och nach eng gutt Kippche vun eiser Lëtzebuerger Musel. Fir all Goût dat passend dobäi.
Wat erwaarde mech fir Animatiounen?
Och déi Kleng sinn um Lënster Maart net vergiess. Ob Stellzengänger freides, Sprangschlass, Kanneratelier oder eng Zaubershow um Samschdeg – fir all Alter ass eppes dobäi.
Wat gëtt et fir Live Acts?
Freides Owes um 20.30 ginn d’Coverband The Noisemakers e Concert.
Samschdes gëtt et een Concert Apero vun der Biergermusek, mëttes gutt Stëmmung mat Les BRASSeurs an DJ Sets. Op béiden Deeg presentéiert de Linedanceclub Jonglënster eng Linedance Show.
Wéi kommen ech dohinner?
Wou kann ech Parken? Parking Centre Polyvalent Gaston Stein – Parking Op Fréinen – Parking Rossbuer (Lënster Bierg). Hei fueren reegelméisseg Navetten – fir hin an zeréck.
Wat fir eng Bus Linnen fueren bis bei de Lënster Maart? https://www.mobiliteit.lu/de/ (Arrêt Op der Gare, Junglinster)
Wou sinn Parking PMR? Rue de la Montagne, Kräizung Rue du village an Rue de Bourglinster
Circulation – Informations générales
Wéinst dem Lënster Maart si folgend Ännerungen am Stroosseverkéier onbedéngt ze beuechten:
Circulation Interdite et route barrée
Mercredi 27.09.2023 à partir de 00h00 – jeudi 28.09.2023 09.00
Circulation interdite « excepté riverains et autobus scolaires »
Rue du village – entre le croisement de la route de Luxembourg avec la rue de Bourglinster
Jeudi 28.09.2023, 09h00 – dimanche 01.10.2023, 23h59
Route barrée rue du village – entre le croisement de la route de Luxembourg avec la rue de Bourglinster
Lundi 02.10.2023, 00h00-10h00
Circulation interdite « excepté riverains et autobus scolaires »
Rue du village – entre le croisement de la route de Luxembourg avec la rue de Bourglinster
Stationnement Interdit
Mercredi 27.09.2023 à partir de 00h00 – lundi 02.10.2023, 10h00
Stationnement interdit aux emplacements aux bords de la rue du village, entre les maisons N°1-21, au parking Loupecht, au petit parking à proximité de la maison n°18, ainsi qu’au parking devant l’entrée de l’école fondamentale n°20.
Jeudi 28.09.2023 à partir de 09h00 – lundi 02.10.2023, 08h00
Stationnement interdit sur le parking rue de Bourglinster « excepté riverains rue du village » (tracé Lënster Maart) avec carte de stationnement délivrée par l’organisateur
Jeudi 28.09.2023 à partir de 09.00 – samedi 01.10.2023, 23h00
Stationnement interdit partiellement sur le parking Op der Gare, « excepté participants du Lënster Maart » avec carte de stationnement délivrée par l’organisateur